Le Géoportail National
du Grand-Duché de Luxembourg

Gemeng : Beaufort -> LiDAR Kachelen

Hei fannt dir eng Duerstellung vun dem Layer an der Gemeng, déi dir ausgewielt hutt. Ee Klick op den Numm vum Layer brëngt Iech direkt an de Geoportal.


Numm
LiDAR Kachelen 2017
Beschreiwung
Dëse Layer weist d'Ënnerdeelung a Kachele vun den Donnéeë vum LiDAR Prototyp 2017. D'Donnéeë stamen aus enger 3D Loftopnam déi op der LiDAR (Light Detection and Ranging) Technologie baséiert.

Bei der LiDAR-Miessung mat Hëllef vun engem Fliger gëtt d'Distanz tëschent dem Buedem an dem Fliger mat engem infrarout Laserstral gemooss. Déi doraus entstanen Donnéeë gi weider verschafft zu engem Fichier mat 3D Koordinaten (Punktwollek) mat enger Prezisioun am Dezimeterberäich pro Pixel um Buedem.

Fir dëse Prototyp vun der Regioun Nordstad ass den 9. Abrëll 2017 eng Iwwerfléiung gemaach ginn, mat enger Densitéit vun 15 Punkten pro Metercarré an enger horizontaler Genauegkeet vun +/- 3cm an enger vertikaler Genauegkeet vun +/- 6 cm.
D'Densitéit gëtt Informatiounen iwwer déi fortgeschéckten Impulser, d'Densitéit vun de gemoossene Punkte kann méi héich sinn, je no Aart vun der gescannter Uewerfläch (Eenzelreflexioun/Multipel Reflexioun).

Punktwollek – Struktur vun den Donnéeën
D'Bruttodonnéeë sinn a Form vu Kachele mat enger raimlecher Ausdeenung vun 500m x 500m opgedeelt, mat an der Moyenne 5 bis 7 Millioune gemoosse Punkten. Fir d'Erofluede vun den Donnéeën ze vereinfache sinn d'Kachele mat de Bruttodonnéeë regroupéiert a Form vun ZIP-Fichieren, mat bis zu 9 Kachelen (wat enger raimlecher Ausdeenung vun 1500m x 1500m entsprécht).
D'Blaatandeelung (ZIP Fichieren) weist wéi d'Kachele regroupéiert sinn.
 
Punktwollek – Klassifikatioun vun de Punkten
D'Punktwollek gëtt a klassifizéierter Form (9 Klassen) zur Verfügung gestallt:
[0] - Net klassifizéiert Punkten
[2] - Buedem
[3] - Niddreg Vegetatioun
[4] - Mëttel Vegetatioun
[5] - Héich Vegetatioun
[6] - Gebaier
[7] - Noise (Fehler)
[9] - Waasser
[13] - Brécken, Passerellen, Viadukter
[15] - Héichspannungsleitungen
 
D'Nummer a Klammeren [] ginn den Identifiant vun der Klass un.
Stëchwieder
LiDAR,  Laser scan,  Punktwollek,  3D,  Kachelen
Komplett Metadaten
Link