Le Géoportail National
du Grand-Duché de Luxembourg

Gemeng : Reckange-sur-Mess -> Bongerten

Hei fannt dir eng Duerstellung vun dem Layer an der Gemeng, déi dir ausgewielt hutt. Ee Klick op den Numm vum Layer brëngt Iech direkt an de Geoportal.


Numm
Offeland-Biotopkadaster
Beschreiwung
Den Offeland-Biotopkadaster ass eng Kartéierung vu seelenen a bedrohte Biotopen am Offeland, di iwwer den Artikel 17 vum geännerte Gesetz vum 19. Januar 2004 zur Protectioun vun der Natur an den natiirleche Ressourcen geschützt sinn a fir déi d'Identificatioun um Terrain schwiereg oder net eendeiteg ass.
Dësen Inventar  ass an Hibléck op d'Erstellung vun engem nationale Kadaster vun den ze schützenden an ze erhalende Biotopen erstallt ginn. Däitlech erkennbar Biotope wi Hecken, Gestrëpp a Bosquetën, sowéi Fléissgewässer sinn net kartéiert ginn a sinn net Bestanddeel vum Kadaster, ënnerleien awer der strenger Protectioun laut dem Artikel 17 vun uewe genanntem Naturschutzgesetz.
Ee Leedfuedem  zur Orientéierungshëllef fir gudd Praxis ass an Zesummenaarbécht mat de landwirtschaftleche Servicer entwéckelt ginn, fir di normal Gestioun ze definéieren, di d'Erhale vun de Biotopen gewährleescht, a fir di onerwënscht resp. genehmegungspflichteg  Handlungen ze nennen, di zu enger Zerstéierung, Réduzéierung oder Dégradéierung vun de Biotope féieren.
Gülteg vun
06/03/2014
Revisiounsdatum
06/03/2014
Stëchwieder
Offeland,  Biotop,  Cadaster
Aschränkungen fir den öffentlëchen Zougang
 
Komplett Metadaten
Link