Le Géoportail National
du Grand-Duché de Luxembourg

Gemeng : Bettendorf -> Ferraris Kaart 1:20k 1778

Hei fannt dir eng Duerstellung vun dem Layer an der Gemeng, déi dir ausgewielt hutt. Ee Klick op den Numm vum Layer brëngt Iech direkt an de Geoportal.


Numm
Ferraris Kaart
Beschreiwung
D'Ferraris-Kaart ass eng historesch Kaart déi zwëschen 1770 an 1778 ënnert der Ledung vum Grof Joseph de Ferraris (1726-1814) erstell gouf, auf Demande vum des Gouverneur Karel vu Louthréngen. D' topographesch Opnahm erstreckt sech iwwert déi haiteg Territoiren vu Lëtzebuerg an der Belg, sowéi Deler vun Däitschland an Holland. Ganz vun Hand gezeechent, war des Kaart fir militäresch Zwecker bestëmmt an huet strategesch Landschaftselementer wéi Flëss an d'Gewässernetz, Brécken, de Relief, Buedembedeckung, Siedlungen, Stroossen- a Weernetz, Paren an déi deemoleg  administrativ Grenzen duergestallt. D'Ferraris-Kaart huet kee geodätescht Referenznetz a besteht aus 275 Kaartenblieder am Originalmoossstab 1/11.520.

3 Originalsätz vun der Kaart bestinn haut nach, wouvunner een am Wiener Kriegsarchiv, ee weideren am Rijksarchief zu Den Haag, an een drëtten an der kinnéklecher Bibliothéik zu Bréissel versuergt gëtt. All Kaarteblieder vun deser Versioun kënnen op der Website vum IGN Belgique, wou se mat dem Accord vun der kinnécklecher Bibliothéik verëffentlecht goufen, gekuckt ginn. Si goufen och, wann och liicht verkklengert, an engem groussformatege Pabeieratlas vun 51x40 cm an 11,5 Kg  verëffentlecht.

Fir d'Duerstellung um Geoportal guffen di verschidde Kaarteblieder zesummegesaat an georeferenzéiert.

Des Publicatioun op dem Lëtzebuerger Geoportal ass méiglech mat der frëndlecher Genehmegung vum IGN Belgique:

2010, All Rechter virbehalen Bibliothèque Royale de Belgique, belgica.kbr.be
Digital oder gedrockte Kaarte kënne bestallt ginn bei sales@ign.be

Aus rechtleche Grënn ass et nit erlabt fir den Inhalt vun dësem Layer mat dem Geoportal sénge Print-Funktiounen a Formater déi méi grouss sinn wéi A3 (Gréisst vun enger Bildschirmkopie) auszedrocken.
Gülteg vun
01/01/1777
Valid until
01/01/1777
Revisiounsdatum
01/01/1777
Stëchwieder
Ferraris,  historesch Kaart,  militäresch
Aschränkungen fir den öffentlëchen Zougang
2010, All Rechter virbehalen Bibliothèque Royale de Belgique, belgica.kbr.be
Digital oder gedrockte Kaarte kënne bestallt ginn bei sales@ign.be
Komplett Metadaten
Link