Le Géoportail National
du Grand-Duché de Luxembourg

Gemeinde : Contern -> LiDAR-Kacheln

Hier sehen Sie eine Darstellung des ausgewählten Layers in der Gemeinde Ihrer Wahl. Ein Klick auf den Namen des Layers bringt Sie direkt ins Geoportal.


Name
LiDAR Kachelen 2019
Beschreibung
Dëse Layer weist d'Ënnerdeelung a Kachele vun den Donnéeë vum LiDAR 2019. D'Donnéeë stamen aus enger 3D Loftopnam déi op der LiDAR (Light Detection and Ranging) Technologie baséiert.

Bei der LiDAR-Miessung mat Hëllef vun engem Fliger gëtt d'Distanz tëschent dem Buedem an dem Fliger mat engem infrarout Laserstral gemooss. Déi doraus entstanen Donnéeë gi weider verschafft zu engem Fichier mat 3D Koordinaten (Punktwollek) mat enger Prezisioun am Dezimeterberäich pro Pixel um Buedem.

Fir dëse Prototyp vun der Regioun Nordstad ass Mëtt 2019 eng Iwwerfléiung gemaach ginn, mat enger Densitéit vun 15 Punkten pro Metercarré an enger horizontaler Genauegkeet vun +/- 3cm an enger vertikaler Genauegkeet vun +/- 6 cm.
D'Densitéit gëtt Informatiounen iwwer déi fortgeschéckten Impulser, d'Densitéit vun de gemoossene Punkte kann méi héich sinn, je no Aart vun der gescannter Uewerfläch (Eenzelreflexioun/Multipel Reflexioun).

Punktwollek – Struktur vun den Donnéeën
D'Bruttodonnéeë sinn a Form vu Kachele mat enger raimlecher Ausdeenung vun 500m x 500m opgedeelt, mat an der Moyenne 5 bis 7 Millioune gemoosse Punkten. Fir d'Erofluede vun den Donnéeën ze vereinfache sinn d'Kachele mat de Bruttodonnéeë regroupéiert a Form vun ZIP-Fichieren, mat bis zu 9 Kachelen (wat enger raimlecher Ausdeenung vun 1500m x 1500m entsprécht).
D'Blaatandeelung (ZIP Fichieren) weist wéi d’Kachele regroupéiert sinn.
 
Punktwollek – Klassifikatioun vun de Punkten
D'Punktwollek gëtt a klassifizéierter Form (9 Klassen) zur Verfügung gestallt:
[0] - Net klassifizéiert Punkten
[2] - Buedem
[3] - Niddreg Vegetatioun
[4] - Mëttel Vegetatioun
[5] - Héich Vegetatioun
[6] - Gebaier
[7] - Noise (Fehler) 
[9] - Waasser
[13] - Brécken, Passerellen, Viadukter
[15] - Héichspannungsleitungen
 
D'Nummer a Klammeren [] ginn den Identifiant vun der Klass un.
Stichwörter
LiDAR,  Laser scan,  Punktwollek,  3D,  Kachelen
Komplette Metadaten
Link