Le Géoportail National
Ici vous voyez une représentant des données de la couche choisie dans la commune sélectionnée. Un clic sur le nom de la couche vous amène directement dans le géoportail.
| Nom | Offeland-Biotopkadaster |
| Description | Den Offeland-Biotopkadaster ass eng Kartéierung vu seelenen a bedrohte Biotopen am Offeland, di iwwer den Artikel 17 vum geännerte Gesetz vum 19. Januar 2004 zur Protectioun vun der Natur an den natiirleche Ressourcen geschützt sinn a fir déi d'Identificatioun um Terrain schwiereg oder net eendeiteg ass. Dësen Inventar ass an Hibléck op d'Erstellung vun engem nationale Kadaster vun den ze schützenden an ze erhalende Biotopen erstallt ginn. Däitlech erkennbar Biotope wi Hecken, Gestrëpp a Bosquetën, sowéi Fléissgewässer sinn net kartéiert ginn a sinn net Bestanddeel vum Kadaster, ënnerleien awer der strenger Protectioun laut dem Artikel 17 vun uewe genanntem Naturschutzgesetz. Ee Leedfuedem zur Orientéierungshëllef fir gudd Praxis ass an Zesummenaarbécht mat de landwirtschaftleche Servicer entwéckelt ginn, fir di normal Gestioun ze definéieren, di d'Erhale vun de Biotopen gewährleescht, a fir di onerwënscht resp. genehmegungspflichteg Handlungen ze nennen, di zu enger Zerstéierung, Réduzéierung oder Dégradéierung vun de Biotope féieren. |
| Début de validité | 06/03/2014 |
| Date de révision | 06/03/2014 |
| Mots clé | Offeland, Biotop, Cadaster |
| Limitation à l'usage public | |
| Métadonnées complètes | Link |