Le Géoportail National
Ici vous voyez une représentant des données de la couche choisie dans la commune sélectionnée. Un clic sur le nom de la couche vous amène directement dans le géoportail.
| Nom | Prioritär Hotspots - Schinnenkaméidi 2016 |
| Description | Fir objektiv an systematisch déi prioritär Problemhotspots ze identifizéieren, as en neien Index agefouert gin. D'Unité Comparative d'Exposition au bruit (UCEden) entsprecht engem Index, deem seng Bewertung op dem Kaméidisindex Lden an och op den strategeschen Kaméidiskaarten baséiert. Den Expositiounslevel gëtt caracteriséiert druch d'Unzuel vun belästegten Persounen an dem Lden Level, deem des Persounen ausgesaat sin. Zu desem Zweck gëtt den UCE no der Formel an der Legend definéiert, wou den UCEden ouni Eenheet as, N as d'Unzuel vun den Wunngebäier, Pi as d'Unzuel vun den Awunner am Wunngebäi i, an Li as den Lden Pegel un der Fassade déi am stärksten exponéiert as vum Wunngebäi i. Obwuel den Li Pegel an Dezibel (dB) ugin gett, as den UCEden eigentlech en Indice ouni Dimensioun, deen déi exponéiert Persounen an den Expositiounspegel vum Wunngebäi kombinéiert. Weider Informatiounen sin an den Kaméidisaktiounspläng op www.emwelt.lu ze fannen. |
| Mots clé | Hotspots, Emweltkaméidi, Schinnenkaméidi, prioritär Zonen |
| Métadonnées complètes | Link |