Hei fannt dir eng Duerstellung vun dem Layer an der Gemeng, déi dir ausgewielt hutt. Ee Klick op den Numm vum Layer brëngt Iech direkt an de Geoportal.
Numm | Gescannte Blieder vum Urkadasterplang vun 1811 - 1832 |
Beschreiwung | Dese Layer enthält d'Konturen vun de Kaarteblieder vum Urkadasterplang fir dat aktuellt Gebitt vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, sou wéi hien zwëschen ongeféier 1811 an 1832 erstallt an weidergeféiert ginn ass. All Kontur enthält ee Link op dat gescanntent Dokument, dat opgemaach an ugekuckt ka ginn am Geoportal a Form vun enger PDF-Datei déi nit gespeichert an nit gedrockt ka ginn. Et handelt sech ëm d'Versioun vum Urkadaster, déi während Jorzéngten an den Archiven vun der Administration du Cadastre et de la Topographie versuergt gouf. An der Zäit vun hirer Gëltegkeet goufen des Pläng dozou benotzt fir all Verännerungen bei de Parzellen anzedroen iwwert Duerchsträichen an Neizeechnen. Dat, sou wéi déi intensiv Benotzung, erklärt och den deelweis nit optimalen Zoustand vun verschidden Blieder. Een aneren Jeu gëtt an den Nationalarchiven versuergt. |
Valid until | 01/01/1849 |
Revisiounsdatum | 01/01/1849 |
Stëchwieder | Urkadaster, Kadaster, Kadasterplang, Plang |
Aschränkungen fir den öffentlëchen Zougang | Keng |
Komplett Metadaten | Link |