Le Géoportail National
du Grand-Duché de Luxembourg

Gemeng : Echternach -> Ofdeckung ≥ 100 Mbit/s & < 1 Gbit/s

Hei fannt dir eng Duerstellung vun dem Layer an der Gemeng, déi dir ausgewielt hutt. Ee Klick op den Numm vum Layer brëngt Iech direkt an de Geoportal.


Numm
Kaart vun der Ofdeckung vun de Gemengen mam ganz séieren Internet matt engem Débit ab 100 Mbps an méi kleng wéi 1 Gbps.
Beschreiwung
Den Zougang vun de Bierger an de Firmen zum ganz séieren Internet ass ee Schlësselelement fir déi wirtschaftlech Entwécklung vum Land. Op Basis vun dëser Feststellung ass 2010 déi national Strategie fir d’Netzer fir de ganz séieren Internet entwéckelt ginn [http://www.gouvernement.lu/3938123/2010-strategie-ultrahaut-debit.pdf]. Dat globaalt Objektiv vun der Strategie ass et fir de Groussherzogtum Lëtzebuerg zu engem féierende Land am Beräich ganz séieren Internet ze maachen fir dass d’Bierger, d’Firmen an déi ëffentlech Akteure vun den wirtschaftlech a sozialen Retombéeën déi domat verbonne sinn, profitéieren kënnen.
D’Strategie as am europäeschen Kontext ze gesinn an zwar vun Europa 2020, eng europäesch Strategie fir intelligente, nohaltege an integrative Wuesstem an der digitalen Strategie fir Europa (Digital Agenda for Europe, http://ec.europa.eu/digital-agenda). Am Kader vun der digitaler Strategie fir Europa encouragéiert d’Europäesch Kommissioun och d’Opstelle vun Ofdeckunskaarten vum ganz séieren Internet (http://www.broadbandmapping.eu/).
D’Kaart vun der Ofdeckung vun de Gemengen mam ganz séieren Internet weist den Prozentsaz vun Haushälter déi sech ob den ganz séieren fixen Internet abonnéieren kënnen, onofhängeg vun der Technologie (Kofferkabel, Koaxialkabel oder Glasfaser). D’Kaart baséiert op Donnéeën déi verschidden Netzbedreiwer fräiwëlleg zur Verfügung gestallt hunn, souwéi ob Schätzungen déi ob sou Donnéeën baséieren. Den Débit ass den ugekënnegten Débit a ka verschidden sinn vum reellen Débit.
Link bei d'Daten
Link bei d'PDF Kaart
Gülteg vun
01/01/2019
Gülteg bis
31/07/2019
Revisiounsdatum
01/01/2019
Stëchwieder
Couverture Internet,  ultra-haut débit,  stratégie nationale pour les réseaux à ultra-haut débit,  stratégie numérique pour l’Europe,  Digital Lëtzebuerg,  Internetofdeckung,  ganz séieren Internet,  national Stategie fiir d’Netzer fir de ganz séieren Internet,  digital Strategie fir Europa,  Digital Lëtzebuerg
Aschränkungen fir den öffentlëchen Zougang
Keng
Komplett Metadaten
Link